Archive for May 2010

Anicast Epsiode 12 Recorded Heute Abend!

May 31, 2010

Es dürfte ja kein Geheimnis sein, dass heute Abend mal wieder der beste Podcast überhaupt recorded wird. Wie immer sind Fragen und Anregungen hier, oder auf Facebook herzlich willkommen. Die Audio-Kommentare dieses mal werden in einzelnen Dateien hoch geladen und wahrscheinlich früher vorhanden sein, als der eigentliche Podcast. Thematisch sind wir momentan noch frei für alles, eventuell werden wir, aus gegebenen Anlass, ein wenig die Politik besprechen.

Ich hoffe das Endprodukt wird euch allen gefallen. Des weiteren nähert sich der Podcast dem einjährigem Bestehen und wir denken uns eventuell ein Gewinnspiel zu dem Anlass aus. Also heisst es wie immer reinhören! Bitte tretet auch der Facebook Gruppe bei!

De Päfferkär: Konsole XYZ hat keine Spiele (und der PC sowieso nicht!)

May 31, 2010

Ja, hier geht es um Fanboys. Wer hört es eigentlich nicht jede Woche aufs neues, sei es in den verschiedenen Zeitschriften, Online Artikeln oder Blogs: Irgendeine Konsole oder gar der PC hat wieder einmal keine Spiele. Übliches Opfer dieser Konsolengeneration ist der Wii und generell grundsätzlich der PC.

Mir selbst wurde ja bereits mehrmals das Fanboy Dasein vorgeworfen, mal Wii, mal Xbox 360 und dann auch noch PS3. Eine hoch interessant Mischung, vor allem weil ich mir die Frage nicht einmal stelle, welche Konsole dieser Generation die beste ist. Wieso? Weil die Dreamcast eh die beste Konsole aller Zeit ist!

Aber zurück zum Thema. Hier ein kleiner Leitfaden: Sobald ihr einen Artikel entdeckt der darauf hinaus will dass eine Spiele Plattform keine Spiele hat, ignoriert es einfach. Egal wie schlüssig man argumentiert, jede Konsole und der PC hat Spiele. Ob einem diese gefallen ist natürlich eine andere und auch darauf wird meistens angespielt. Nur das grundsätzliche Problem lautet: Da versucht jemand einen allgemeingültigen Satz auf einer rein subjektiven Meinung zu fundieren. Denn ob die Spiele einer Konsole einem gefallen, hat an und für sich nur etwas mit der betroffenen Person und deren Präferenzen zu tun und mit sonst rein gar nichts.

tl;dr: Wer sowas schreibt ist ein ziemlich unorigineller Fanboy!

De Päfferkär.

May 30, 2010

An alt nach eng nei “Rubrik” hei um Blog: Ab sofort probeieren mir Daag fir Daag eng bestemmten Neiegkeet, en speziellen Emstand oder einfach nemmen eng komesch Geschicht ze fannen, dei eis dozou bruecht huet, mol e bessen noozedenken an eis deen een oder aanere Gedanken derzou ze maachen.

Haut geet et mir em dei Neiegkeet, dass angeblech an Amerika eng Kartell-Ennersichung geint den Apple-Konzern leeft. Scheinbar soll Apple seng “Machtstellung” mat sengem iTunes-Portal derart ausgenotzt hun, dass se Musekslabelen “verbueden” hun, hier nei Lidder exklusiv bei Amazon (oder aaneren Reseller) unzebidden. Granted, daat klengt lo alles fuerchtbar beis an et freet een sech wei sou eng brav Firma sou eppes maachen konnt, mee ech stellen mir mol zwou ganz elementair Froen:

Eischtens; As et wierklech d’Schold vun Apple, dass  iTunes sou dominant gouf? Menges Wessens no as et en Must-Have Programm fir all dei Leit, dei en Apple-produit hun, an bidd engem glaichzaiteg d’Meiglechkeet och OUNI des Produit’en op genschteg Musekdownloads net verziichten ze mussen. Daat huet zwar net bei mir, mee bestemmt bei villen aaneren Menschen dozou gefeiert, desen Programm och ze benotzen an hei an do mol eppes ze kaafen. Ech hun zwar keng Ahnung vun deem Geschiir, mee ech behaapten elo mol einfach soit-disant dass iTunes doweinst sou populair as, well et einfach BESSER ass. Well, sin mer mol ganz eierlech: Wann et net sou gudd fonktioneieren ging, dann gingen d’Leit emmer nach daat Nämlecht maachen wei virun Jooren; Firwaat och Musek kaafen, wann een se souwisou iwwerall emsoss ze suckelen gett? Apple haat daat einfach verstaan, an ech woen lo mol den Verglach zu der Steam-Plattform vun Valve: Ween seng Produkter kann online verdreiwen, ouni Verpackungsopwand an “nemmen” mat engem (arguably) erträglechen Kopeierschutz, deen kann se doweinst och mei agréabel fir den Verbraucher maachen. Vum mei compétitiven Prais mol net ze schwätzen.

Zweetens; Mir schwätzen hei vun enger Kartell-geschicht an der Musekindustrie. Remember, daat as dei Industrie dei trotz joorelaangem Kampf mat Piraterie an illegalen Aktiounen emmer nach net verstaan huet dass d’Leit et saat sin, 20 Euro oder mei fir eng schiel nei CD ze bezuelen, wann se dei nämlecht CD um Netz fir en Apple an en I (ba-dum-tish) kreien. Dei Nämlecht Band vun modernen Banditten, dei onwessenden Kanner onmooßeg Geldzommen oofknäppen well se, kindlech naiv, iwwer BearMule oder eShare zwee Lady Gaga-Lidder roofgelueden hun (sou geschitt bei engem gudden Frênd, deen ferm deif an d’Täsch huet graifen missen fir deenen Hampelen 250’000 Euro rémuneratioun ze bezuelen). An dei nämlecht Hord vun Hornochsen as lo nees an en Skandal involveiert, wou sie sollen dei Aarmen Pänz sin, dei vun Apple geneidegt goufen? Ma abbee merci, ech gleewen daat net eng Sekonn. Zu enger Kartellgeschicht geheieren emmer Zwee Leit, net nemmen Een.

Daat Ganzt klengt dofir fir mech enorm spuenesch; Mol kucken waat bei deer Saach do erauskennt.

Note: Ech bezeihen fir keen vun deenen involveierten Korpusen Stellung. Desweideren sin ech keen Frend vun der Apple-Marketingstrategie. Ech sin jhust eng Persoun dei mol gären e bessen noodenkt.

Sauce:

http://www.computerbase.de/news/wirtschaft/recht_gesetz/2010/mai/apple_kartellverfahren_musikgeschaeft/

http://www.fudzilla.com/content/view/18946/1/

Spiller fir en Sonndeg: Bangai-O

May 30, 2010

HEY! Et ass Sonndeg, an dat heescht vill Fräizäit op der enger Säit, an enorm wéineg lass an der Welt op der anerer. Dowéinst huet L’AmeCast elo en neie klenge Feature, deen iech e puer Spiller méi no bréngt, déi een perfekt an dat schwaarzt Lach vun der Woch, dem Sonndeg, afëlle kann!

Bangai-O ass en Spill vun Treasure, hirer säits bekannt fir Pärele wei Gunstar Heroes um Sega Mega Drive an den „Sin and Punishment“ fir den Nintendo 64. Virun allem duerch verschidde Shoot em’ ups huet dës kleng Firma en gewësse Bakanntheetsgrad an Kult-Charakter erreecht, ma hir Spiller verkafen sech leider net sou enorm gutt.

Dat ass bei Bangai-O rëm sou ähnlech. Streng geholl ass et en Dual-Stick Shooter deen sech e bëssche wei en Side-Scroller spillt, mat erkonnbare Levelen an flotter 2D Grafik. Wie dëst Spill senger Zäit op der Dreamcast an um Nintendo 64 erauskomm war, waren 2D Grafike leider zimlech out, wat dozou feiert, datt et déi meeschte Leit net wierklech reize kann.

Ech kann awer garantéieren, datt hannert der Anime-Optik an der räichhalteger Farwenpallet en einfach ze erléiernt, ma trotzdem enorm usprochsvollt Spill verstoppt. Während Grond Mechaniken eigentlech Simpel sinn (et flitt een ronderëm an et kann een an all Richtung schéissen) ginn et nach e puer Besonnechkeeten: Auswiesselbar Charakteren, eng Kéier mat zillsichenden eng aner Kéier mat oofprallende Geschosser, en Smartbomb System dee méi staark gëtt, wann een bal vun engem Geschoss getraff gëtt, souwéi en Waffen Opluedungs System, deen sech duerno riicht, wei fill Explosioune grad um Bildschierm stattfannen. Wann een dat elo mam Treasure typesche Schwieregkeetsgrad kombinéiert, huet een zwar en flott an interessant ma zimlech schwéiert Spill virun sech, wat een zimlech op Trap hält, an dat fir eng gutt Zäitchen.

Ech fir mäin Deel kann et fir en Sonndeg wei dësen nëmmen empfehlen. Niewent der Dreamcast an der Nintendo 64 Versioun gëtt et seet 2008 och en Nofolger fir den Nintendo DS.

Nach en klengen Video zwecks Demonstration:

No More Heroes 2: Desperate Struggle Review

May 29, 2010

Et ass endlech esou weit. Fir déijéineg ënnert iech, déi mech e bëssche besser kennen, ass et wuel kee Geheimnis, datt den éischten No More Heroes zu een vun deenen absolut interessanteste Spiller iwwerhaapt gehéiert. Während et als Spill un sech nach zimlech voll mat klenge Fehler war, war Story, Charakteren, den Stil als och déi verschidden Thematiken enorm interessant an eenzegaarteg. Verkafszuele vum éischten Deel waren net enorm gutt, awer anscheinend gutt genuch, fir datt en zweeten Deel eraus kennt.

Ëm et wierklech kuerz ze maachen, an No More Heroes 2 gouf alles verbessert, wat am éischten Deel net gestemmt huet. Grafike sinn bedeitend méi schéin an detailléiert, generell an engem liicht anerem Stil wéi den éischten. Dat ganz ass endlech och hei onzenséiert, well heeschen datt Blutt nëmmen sou dorëmmer sprëtzt. Fir Leit, déi mat Tarantino Filmer eppes ufänke kennen, absolut kee Problem, fir all déi, déi sech mam roude Liewensjhus net sou gären ufrënne wahrscheinlech steiren. Generell kann een bei der gesamten Ëmsetzung ënnersträichen datt den Goichi Suda, Director vun der No More Heroes Serie, den Tarantino vun den Videosspiller duerstellt. Dat méi genee ze explizéiere maachen ech eng aner Kéier, et sief awer gesot, datt seng Spiller et ni un enger gewësser Déift feele loossen.

Dës weideren huet sech Spill vun der frei ze entdeckender, awer enorm langweileger Staat aus dem éischten Deel verabschid, dofir méi grouss, méi laang an méi interessant Levelen ze bidden. Et gi méi Bosskämpf wei virdrun, woubäi een erwähne muss datt et mol net usazweis der 51 sinn, wei dat um Cover ugekënnegt gëtt. Story ass weiderhi brillant, ech wäert awer näischt grousses verroden. Et sief nach gesot, datt se exzeptionell gutt an virun allem pointéiert geschriwwen ass.

Dat onméiglecht Gegrinde (Lies: onmoosseg vill Geld verdénge fir Upgrades ze kréien) ass elo vollkommen optional, an wann een et maache wëllt, kennt et wéinstens an Form vun 8-Bit Minispiller, déi alleguerten zwar net wierklech komplex sinn, awer Spaass maachen an e gewëssen Stil oprecht erhalen. Wei fill een niewenbei mécht fléisst och doranner an, wei vill Zäit een mam Spill verbréngt. Um liichte Schwieregkeetsgrad hunn ech, inklusiv den Side-Missionen an e puer Ronnen op den Minispiller, gutt 8 Stonne mam Spill verbruecht. En méi heege Schwieregkeetsgrad souwéi Kompletéirung vun allen Missiounen an fräischalte vun allen Boni wäert Spill awer problemlos iwwert 10 Stonne Grenz hiewen. Nom éischten Duerchspille schalt een en neie Schwieregkeetsgrad frei, woubäi een seng Upgrades behält. Sou gesinn en gudde Package fir déi 45€ déi een derfir bezilt.

Den Haaptundeel um Spaass huet rëm eng Kéier den Kampfsystem, deen opgelockert ginn ass, am Kär awer dee gläiche bleift: Laserschwert an Nokampf souwéi Wrestling Finishing Moves sinn nach ëmmer präsent, mat liichtem Feintuning, neie Waffen an Beweegungen. Et ass ëmmer nach flott sech duerch Horde vu Géigner ze kämpfen, an sech geleeëntlech an en Tiger(!) ze verwandele fir Géigner an engem Schlag ze erleedegen. Kamera ass nach ëmmer e bëssche Feelerhaft, ma net méi sou vill wei et mol den Fall war.

Um Enn kann ech No More Heroes 2 nëmmen empfielen. Och Neilingen, déi den éischten Deel net gespillt hunn, wäerte kaum Problemer hunn, well op Kontinuitéit zum gréisseren Deel gepaff gëtt (wat op enger Meta-Ebene Sënn mécht, ma dozou eng aner Kéier méi). Als Spill kritt No More Heroes 2 9/10 méigleche Lamaen.

“Call of Duty: Black Ops” erennert sech (potenziell) un seng Wuerzelen.

May 29, 2010

Deen “neien” Call of Duty-Titel, deen vun Treyarch entweckelt gett, schengt sech no dem kontroversen Modern Warfare 2-Release nees op aal Valeuren vun der Serie ze baseieren; An do schwätzen ech lo net vun techneschem Geschiir wei DedServers oder ordentlechem PC-Support. Et geet vill mei em dei Saachen, dei den eischten Modern Warfare-Titel zu deem gemaat hun, waat et sou groußaarteg gemaach huet: Eng gescheit Story, gudden Scripting an interessant Figuren an Iwwerleeungen.

“Black Ops” spillt angeblech an der Vietnam-Zait, awer net nemmen exklusiv am Vietnam: Missiounen an Russland soll et och gin. Daat mecht Senn, deemols woren amerikanesch BlackOps secherlech iwwerall do, wou Kommunisten um Schaffen woren. Soit, op alle Fall suergt daat nees fir en interessanten, oofwiesslungsraichen Spillooflaaf AN huet d’Potential, nees komplizeiert Situatiounen ze erklären: Geheim Missiounen eben. Eleng den Setting mat den Black Ops suergt schon fir deen Potenzial. Den Protagonist gett doduerch nämlech och glaichzaiteg zu enger onbekannter Entiteit, well hier richteg Identiteit geheim bleiwen muss, an aller Wahrscheinlechkeet noo souguer offiziell net mei existeiert.

Daat sin alles Saachen, dei den eischten Modern Warfare-Titel tatsächlech interessant gemaach huet: Kontrovers Assassin-Missiounen an Tschernobyl, Kapermissiounen op Tankscheffer am Ozean… Groußaarteg. Den Deel am Vietnam keint dann glaichzaiteg sou ooflaafen wei dei ufänglech amerikanesch Missiounen am eischten Deel: Iwwerhieflech “America F*ck Yeah”-Zaldoten spillen Krich an fillen sech wei Cowboyen. Alternativ kint et och am Vietnam op Undercovermissiounen erauslaafen, mee ech haalen daat fir onwahrscheinlech, emmerhin woren grouß Gefechter schon emmer eng Stärkt vun der CoD-Franchise…


Sauce:

http://www.destructoid.com/impressions-call-of-duty-black-ops-174825.phtml

Left4Dead 2 Update ‘Last man on earth’

May 29, 2010

Hier ist eine Sache die Valve schon immer richtig gemacht hat: interessante, teils gewagte Updates für ihre etablierten Spiele veröffentlichen. Diese Woche haben die Leute aus Bellevue sich was interessantes einfallen gelassen: die ‘Last Man on Earth’-Mutation. Das bedeutet, dass es nur einen einzigen Überlebenden gibt, keine normalen Zombies, dafür aber Spieler kontrollierte Special Infected. Klingt frustrierend, birgt aber enormes Potential was Spannung angeht und gibt dem Begriff ‘Survival Horror’ mal eine ganz eigene Note.

Ein ziemlich gewagtes Konzept wie ich selbst finde, was aber trotz allem mal ein Versuch wert sein sollte. Ich für meinen Teil werde das mal selbst heute Abend ausprobieren!

Source