Archive for January 2010

Battlefield: Bad Company 2 (PC, PS3, Xbox360) Sneak Peak.

January 29, 2010

Majooo… Battlefield Bad Company 2 kennt eraus. An et get genial. Liek, really really big. Am Moment kann een d’Beta op dem PC an op der Xbox spillen (op läschterer souguer fir naischt), an ech konnt och en klengen Bleck drop geheien, dofir nach engkeier merci un de Pischto, dass en mer sain Account gin huet.

Bad Company 2 dreit un genau deene Knäppercher, un deenen och bei Battlefield 2 richteg gudd gedreint gin as… Only it takes it up to 11. Alles schengt enorm verbessert gin ze sin: Den Loadout as vereinfacht, et gin manner Klassen (waat net onbedengt schlecht as, nudgenudge), dei allerdings dann mei Waffenchoices hun, soudass den Player Character en bessen customizabel gett, an endlech hällt och um PC den zersteierbaaren Terrain am Battlefield Anzuch. Et gesait wierklech groußaarteg aus: Tounqualiteit an Grafik sin lo mol nierwesächlech, mee souguer dei sin einfach top qualitativ. Clever Designchoices erlaaben et engem, heich skill-ceiling-waffen ze erreechen andeems Waffen mat Scope einfach en HDR-Überblend-effekt spendeiert kreien. Och gouf d’Fonktioun fir sech hinzelee’en erausgeholl… doriwwer kann een sech streiden, ech denken et as gudd, well et vill vun der Campyness eraushellt, an Dolphin-diving verhennert. D’Klassen ergänzen sech lo schon, an der Beta, enorm gudd, an waat enner dem Strich bleiwt, as den aalen Battlefield-Feeling. Et as en perfekten Mettelpunkt fonnt gin tescht dem modernen CoD-Playstyle, deen aggressiv, schnell an akkurat muss sin, an deem aalen Battlefield-Style, deen eischter lues an bedächteg war. Ech kann et nemmen begreissen…

God Damnit!

An gleewt mer eppes: Et gett naischt mei süffisantes, wann der dei eischte Keier spillt an iwwerleet “Djeft, wei kommen ech lo hei duerch, Schielen pickegen Droot…” , jhust fir festzestellen “Holy shit… let’s just blow it to smithereens!” . Alles as zersteierbar. Hell, ech hun e Kill geland, well ech ongewollt en Baam oofgeballert hun, an deen dem Sniper op d’Bomm getrollt as. Glorious!

Kaboom!

Oh, an nach eppes: Ech konnt et op mengem definitiv NET Mei up-to-date-PC am Dx10-Modus mat flessegen 25-30 Frames spillen, och in-fight. D.h. fir jhiddfereen, deen en PC um ongefeieren niveau vun engem E6600, 4 GB Ram an enger 4850 huet… Huet gewonn. Alles op High, 2xAA an 4xAF, an et leeft.

Why games aren’t art (yet)

January 27, 2010

Ech geheieren jo zu deene Leit, dei Videospiller emmer gären als eng Form vu Konscht WEILTEN gesinn, et awer nie richteg argumentativ präsenteieren kennen. Den Grond dofir as desen: Et “may be considered art if intended solely as an ornament” (Jason Pollock), also därf et keng Purpose hun…An daat as den punkt: Videospiller hun hautesdaags emmer nach en existenz-grond, deen net doran besteet, den Leit ze gefaalen. An zwar net dee Firlefanz mat “Spaß” oder sou. Geld. D’as de Goss. Soulaang een probeiert Goss dermat ze maachen, as et keng Konscht… Domat geet et lass.

Hien hei huet och en gudd Konzept: http://www.destructoid.com/the-future-it-s-2010-and-games-still-aren-t-art-161487.phtml

“Games can’t and won’t be considered art until we start making games for the sake of making art. We also need to press a cultural revolution where, instead of games being expensive toys, games are respected on the level of literature, music, movies and classical art.

Hien schwätzt dovun, dass een vun de Grenn deen as, dass hautesdaags emmer nach vill Leit liewen, dei mat dem Medium Videospill naischt kennen Ufänken. Sie verstinn et entweder net (like most parents), oder interesseieren sech zwar derfir, weisen awer absolut keen Können, fir se ze manieeiern (my dad), oder verdaiwelen et an nennen et eng Ausgebuert vum Beelzebub, sou wei viirun 60 Joer mat der faarweger Telé, virun 40 Joer mat der Rockmusek an virun 10 Joer den Internet (that’d be you, mom). An daat as e gudde Punkt: ween net mat eppes kann emgoen, deen fennt et och net als “konscht”, an eischter als nuisance.

That’s problem one: there are people out there who just, no matter how hard we try, will NEVER be able to truly play videogames. These people will always exist, but a lot of them will die out and that problem will have solved itself (for the most part).” – Do huet en e Punkt. Daat leist sech vum selwen. Ech dreemen jo vun enger Welt, wou Gaming den absolute Standard as, an een als absolut komeschen Kauz gekuckt get, wann een analog Medien benotzt fir sech ze ennerhaalen… Denkt mol driwwer noo, waat wier wann d’Buch noom Videospill erfonnt gi wär? Wär d’Videospill dann net mei respekteiert? Wären d’Elteren dann net besuergt, dass hiert Kand ging eleng an senger Kummer hocken an e “Buch” liesen (iiih) amplaatz mat senge Kollegen op XboxLive ze chatten? Brave New World.

Sain zweete Punkt as genee deen nämlechte wei main: “the industry is run like Hollywood.” Multimillounen-dollar-Produktiounen sin am Moment fuerchtbar IN (Modern Warfail 2 etc. pp), an erfree’en sech groußem Succées. Kleng Studios sin awer och grouß am kommen, waat een emmer mei un sou Produkter wei Plants vs. Zombies, World of Goo oder deem neien Spelunky gesait. Also besteet och hei nach hoffnung, soubaal och hei dei kneckeg Säck vun EA alleguer hier Seil vum Daiwel agefuerdert kreien an brutal zugronn gin.

De Leschte Punkt dann as den Entertainment… En Spill kann net Konscht sin, soulaang et ennerhält? Pf, daat fannen ech net; En Buch ennerhält och. D’Mona Lisa ennerhält d’Leit och. Wann et langweilech wär, ging keng Sau et kucken. Nemmen, well en Videospill Interaktioun fordert, gesin ech net an, firwaat et doduerch manner Konscht soll sin; Wann iwwerhaapt, sou bidd et dach d’Meiglechkeet, eng  mei “echt” Konscht ze schaafen, well nemmen duerch Interaktioun an dem domat zesummenhänkenden “Selwer-Erliewen” eppes richteg Erfaaßbar get.  An wei mer schon zanter laanger Zait wessen:

“Geschmack ist das Beurteilungsvermögen eines Gegenstandes oder einer Vorstellungsart durch ein Wohlgefallen, oder Mißfallen, ohne alles Interesse. Der Gegenstand eines solchen Wohlgefallens heißt schön.” – Kritik der Urteilskraft, Immanuel Kant

An

“Schön ist das, was ohne Begriff allgemein gefällt.” – Kritik der Urteilskraft, Immanuel Kant

Daat heescht naischt aanescht, wei dass et soulaang emmer nach en “Senn an sech” kann hun, soulaang secheng Persoun nemmen op desen Senn bezeihen kann, fir “Wohlgefallen”, oder “Lust” (cf. – Kritik der Urteilskraft, Immanuel Kant) ze empfannen.

Waat denkt dir?

Spelunky (PC, Xbox Live Arcade soon)

January 27, 2010

Main eischten Review, hoffe et gett net ze schweier ;).

Et geet em Spelunky, et ass zwar een Freeware spill, mee et wärt dofunner een Port op XBOX live Arcade gin.

Indiana Jones seet moien!

Maja waat ass daat Spelunky dann?

Spelunky ass een Side-scrolling plattformer. No Big Deal then… Mee et ass een ganz speziellen Side-scroller. Et huet “Random” Levels. Jup, alles zoufällech genereiert Levelen dei een kann duerchlaafen. Also ech geif et als eng gudd Meschung aus engem Plattformer an een Roguelike nennen. (Fier dei dei Roguelikes net kennen: Roguebasin).

Why does it have to be snakes!?!

Deck rout Nues!

Story ass zimlech simple: Een Archäolog durchsicht eng aal Ruin. Klor dass do Uspillungen op den Indy fierkommen. Den Protagonist ass quasi den Indiana Henry Walton Jones, jr. just am verpixelten an mat enger rouder Nues, waat beweist dass hien gehierlos gesoff huet, fier iwwerhaapt op dei Iddie ze kommen an eng Ruin ze goen, gefellt mat  tonnen Geforen a hien hellt nemmen eng Peitsch, 4 Ropes, an 4 Bommen mat? Den Setting ass och easy to decipher, den Indy well an eng Ruin? Dann muss et ierjenteppes mat aalen Gottheeten ze din hun an et sin och puer Altaren fun der Madame Kali, hinduistech Göttin fum Doud an Zersteierung, vertrueden. Waat och ganz suspekt ass, ennerwee kann een Blondinen an rouden Räck retten. Yes, you heard it, Blondinen an rouden Räck an enger Ruin dei der Doudesgöttin Kali gewidmet ass. Srsly what where they thinking? Soueng Fra geif ech niemols retten wells se cleary insane ass, ween geet schon fräiwellech, ouni onmossech gesoff ze hun, an soueng Ruin? Mee ierjentswei passt et an den Flair fun Spelunky an eben Indiana Jones (waat wier den Indy ouni eng Fra, dei hien beglëcken kann, an engem Film?). Außerdem, weisou trellt hien duerch dei Dungeons? 1. Heen ass foll bis un den Rand an 2. Loot! Waat gett et besseres als Gold am wärt fun 100.000$. 😀 D’Story ass also wierklech zimlech simpel mee daat mecht daat Spill net aus.

Desen Screen wärt der oft gesin... Ganz oft...

Gameplay is the winner here! Deen Satz mecht daat ganzt Spill aus. Et geet nemmen em Gameplay. An et ass fuckin schweier. An mat “schweier” mengen ech, richtech schweier. Et stierft een op rejelmeissecher Basis. An daat mecht daat Spill aus. Nee, nik d’Stierwen mee d’Verhenneren fum Stierwen, also deng Survival Skills. Well all Level “random” genereiert ass, leiert een noeneen alles waat een brauch, meschtens stierft een an der Prozedur fum “leieren”.  Waat awer immens gudd um Spill ass, et leiert een nik d’Situatiounen noeneen auswennech, bis een se kann, mee deng “Allgemeng Survival Skills” gin besser an daat Stierwen ass nik hemmend oder sou, et ass suguer motiveierend. Who’d known? Wierklech wanns de stierfs seet een sech: “Merde, ech well awer nach 1 Level mei wait!” oder “Merde, daat do hätt ech net sollen maan; ech machen et dei nächsten Keier besser!” an dann fänkt een eng neih Parti un. Daat ass eppes waat een kaum an der Gaming Welt kennt, ech kennen et nemmen aus Roguelikes wei Crawl. Daat ass och een Feature waat een nemmen per “random dungeon generation” ereechen kann.

"100.000$" ass bessi fill fier a "little"...

Dofier ass et och eng Meschung aus Roguelike an Mario. :> Daat heescht et huet och Shops, Items an eng gudd Retsch un Monster fun Schlangen bis zu Spannen, mee och Yeti’s, Ufo’s an Mummien, an et gett Perma-Death. Wann een stierft muss een rem ganz fun fier ufänken. Mee speiderhin gett et een schwarzen Tunnel-Digger deen Oofkierzungen fier een grueft, sou dass de net emmer muss am Area 1 ufänken, daat ass een wichtijen Feature well emmer rem fun 0 ufänken ass trotzdem bessi schiel. Et gin nach eng Retsch Bonus Levels an Hidden Levels (City of Gold, klengt schon mol awesome) dei een muss mat enger Kombinatioun fun Items fraischalten. Deen Tunnel-Digger ass och als Playable Character fraischaltbar genausou wei dei Insane Blondin (wtf!). Items spillen och obviously eng wichtech Roll an desem Spill. Et gin Items dei deng Bommen pëchech maan dass se dann och um Plafong pëchen kennen an dann do explodeieren. Et gin Waffen fun Messer bis zur Shotgun, dei sin schon immens praktesch mee meschtens muss een entweder den Shopkeeper beklauen waat an 99% fun den Fäll deidlech fier den Spiller ass oder et fier deiert Gold oofkaafen. Spelunky huet och eng Retch ganz praktesch Upgrades sou wei d’ “Climbing Gloves”, mat deenen kann een sech un den Fielsmaueren festhaalen ouni mussen un engem Rand ze hänken. Mat deenen Upgrades an Items huet daat Spill och een Adventure Flair waat och gudd zum Setting passt.

Jo 1 Kuss fier 1 HP, good deal I tell ya!

Dann gin et nach ganz speziell Altoren fum Kali dei ech well fierdrun erwähnt haat. Dei eng sin Opferungs-Altoren, eng Opferung mecht een indems een entweder eng Blondin oder soss een menschlichen Einwohner fun der Ruin drop schmaisst. Dann explodeiert dei Persoun an d’Kali ass pleased. Pretty slick. Wann een daat dann genou oft mecht kritt een Gift fum Kali. Entweder HP oder soss een wertfollen Item oder ganz wichtech een “Schädel” deen een kann mat Blut fellen, wann deen dann foll ass, kritt een Bonus HP. HP ass obviously dei wichtechst Resource am Spill an et ass quasi nie darwert HP ze opferen fier Loot oder een Item ze erlangen. Dei 2. Art fun Altoren sin sou “Golden Mask” Altaren, wann een dei Mask klaut, muss een, “Indiana Jones”-meissech, fun engem rullenden Fiels fortlaafen. Awesome I think :>. Waat och interessant ze wessen ass, dei Blondinen kann een retten (klor…), mee sie muss bis and d’Ziel gedro gin… an sie gin engem 1 HP bonus. Well een awer just 1 Sach kann aktiv droen muss een heiansto dei Blondin an den anneren Geijenstand noeneen rondrem “werfen” lol. Meechstens ass et dei “Golden Mask” wei am Bild 2.

Modded Fightstick ftw

Ech spillen et mat dem Arcadestick and’Controls sin zimlech gudd, just heiansto geet et entweder een Schrett ze seier oder ze rutschech an waat mega annoying ass dass de muss genau ennert dem Seel oder der Leeder muss stoen fier se ropzeklammen, an daat trefft een nik emmer genau… zimlech nervig.

Final Words:

All in all, ass et gudd. Et mecht Spaß an Loscht op mei. Ech wärt et mer also fier XBLA koofen.

Anicast #6 released

January 26, 2010

Majooo, d’as released:

Hei as den feinen Downloadlink : http://www.megaupload.com/?d=8ASX0R52

Fir Links zu deenen zwou vun eis kommenteierten Episoden:

Ladies vs. Butlers: http://www.veoh.com/browse/videos/category/anime/watch/v19620612cmR2YnJn

Baka to Test to Shoukanjuu : http://www.veoh.com/search/videos/q/baka+to+test#watch%3Dv19625877XAhSdDbW

(All credit goes to the original artists)

New Anicast, back from the break!

January 24, 2010

"Let's get ready to fumble!"

Majo, nodeems et hei erem lanceiert gouf, fänkt och dei normal Routine beim Anicast, dem letzebuergesch/saarlänneschen Anime-Manga-Videogame Podcast erem un. Haut den Owend gouf dei nei Episode opgeholl, an dir kennt den Release bannent vun den nächsten Deeg erwaarden. Wei gewinnt schwätzen ech alt nees vill ze vill, den Subenu as alt erem fuerchtbaar silly an den LinkAvalon verbaut sech sämtlech Chancen, an deenen nächsten 8 Joer en Stach ze kreien: Mir kucken nämlech zwou Episoden vun völleg zwou völleg neien Animeeeees (spelling?) an kommenteieren se on-the-fly. Brace for fun!

Goddamnit Conrad, tie your shoelaces!

January 22, 2010

Oke, listen up: Jhiddfereen, deen och nemmen en minimum Interessi un engem Strategiespill huet, sollt sech den neien Steam-Sale-Weekend net entgoen looßen. Et kritt een den absolut grandiosen (Game of the Year 2006) “Company of Heroes” quasi noogeheit fir zweeanenhalwenEuro. D’as derwärt, gleewt et mer.

Next step: Jhiddfereen, deen daat beschte Strategiespill vun der Welt NACH BESSER well maachen, andeems en Russen anbaut, soll sech desen Installer sichen goen.

Torrent (you need to have a Torrent program):

http://thepiratebay.org/torrent/5297305/Eastern_Front_installer

Download Links:

Megaupload:
http://www.megaupload.com/?d=WAROJ7WA

HKBA:
http://209.59.202.109/testsite.com/phpBB3/download/file.php?id=5

Coh-HQ:
http://hq-coh.com/~ef/EF_Setup.exe

Howlongisthenight:
http://files.howlongisthenight.at/easternfront/EF_Setup.exe

The Sir. Community:
http://files2.sircommunity.com/EF_Setup.exe
http://wolfservers.modjive.com/EF_Setup.exe

Russians, improving everything since 1917

Christmas-Roundup.

January 21, 2010

OHMYGOOOD

Majo, eppes waat ech ganz vergiess haat:

Waat waren är awesome cado’en des Chreschtdeeg? Eppes Scheines derbai, viellaicht souguer eppes Media-related?

Fir mech waren et zwou Saachen, dei erausgestach hun: Fir d’eischte Keier zanter laanger, laanger Zait huet taatsächlech een e bessen iwwerluecht, iir dass en mer e cado gemaa huet, an net einfach nemmen en Batz C&A-Stremp fir 10 Euro siche gaangen as.

Daat Eischt as eng special Edition vun der Monty Python 400th Anniversary Edition, mat 21 DVD’en, allen Filmer, Episoden, Live-optrett… An enger spezieller, eenzegaarteger Chose: Engem Frame aus dem “Holy Grail”.

Et as tatsächlech en echten Frame aus dem Orginal-Filmmaterial, an ech huelen un, dass et secherlech naischt wärt as. But would you loook at thaat!

Ausserdeem as et wonnerbar verpaakt: *drumroll* Prepare yourself, for awesomeness.

"Fetchez la vache!"

This is where the baby whabbits come from.

Daat wor also schon eng genial Iddi (thanks, dad!). An ech hätt mer nie dreeme kennen, dass ech direkt nach en onmooßegt Produkt distilleierten Awesome zerveiert kriit… Mee et as awer passeiert. Ech kruut

ZOMBIES!!! geschenkt. Waat daat as, as seier erklärt: Et as Left 4 Dead, als Briedspill, viirun knapp 15 Joer. Et as awesome, seier ze leieren, en coolt Spill fir wann een e puer Kollegen ronderem huet. Gespillt gin “nemmen” d’Survivors, awer et kann een och selwer um Enn vun all Tour e puer Zombien bewegen an sou dei aaner Leit an eng Faal bugseieren. Kooperatioun as explizit net verlaangt, an deen eischten deen bis bei den Helipad kennt, huet gewonn. Yoink!

Wei absolut cool daat Spill as, erklärt een am Beschten mat e puer Biller…

Horde incoming!

"Mbraiiinzzzz"

So… Tell me… Waat hudd dir Scheines kritt? Ausser Stremp, natierlech.