Archive for December 2009

Left 4 Speed

December 19, 2009


I Lol’d hard

Dreamkiller (PC, X360)

December 11, 2009

Majoo, viellaicht as et e puer vun ierch haut opgefall, wou dir Steam gestart hutt :

Do as iergend een komescht Spill, waat dir net kaaf hutt: Genee, et as nees en Gratis-Weekend, deskeier as et den Titel “Dreamkiller”, deen och fir d’Xbox erauskomm as… Bis den Sonnden den Owend kann een et emsoss spillen, wann een sech dei Meih mecht, 10 GB eroofzelueden… An daat as de Punkt, daat as verschwendten Bandbreed.

Firwaat?

Ganz einfach.

Et as net grad en besonnesch gudd Spill

“Dreamkiller” as leidergottes “nemmen” en enorm simplen Shooter, mat engem interessanten Setting. Et as am Prinzip sou wei Serious Sam, waat un a fir sech naischt Schlechtes duerstellt. De Problem kennt awer dann, wann een dei zwee Titelen mateneen verglaicht: “Dreamkiller” huet bei waitem net deen nämlechten Effekt ewei Serious Sam, schon eleng weinst den wesentlech manner imaginativen Geigner. Eleng an deem eischten Level erstreckt sech dei iwwerschaubar Oofwiesslung op hoergenee drai Geignerzorten Plus een Endgeigner, wat ugesiichts der Taatsaach dass een insgesamt 900 Steck iwwer de Koup scheisst, einfach zemann as. Zousätzlech sin zwou dovunner dei nämlecht Models, jhust an enger aanerer Foaarw. Oke, granted, et sin Spannen, well deen gudde Mann Angscht viirun Spannen huet… Mee do hätt een e bessi mei keinte maachen. En weideren Minuspunkt huet d’Spill par rapport zou Serious Sam am Haaptcharakter: Den Sam as einfach Chef, him hellt een deen absolut beknackten Character oof… Hien as wei den Bruce Willis, deem gleewt een den John McLane einfach sou. “Dreamkiller” huet eng Fraa als Protagonistin… An hat as ongefeier sou wei d’Paris Hilton am House of Wax. Et as verzweifelt op “hard” getrimmt, den Character-Design gesait aus wei wann et all moies en Eemer Neel ouni Mellech bufft… mee du gleews et em einfach net.

An daat as de Problem: Enner dem Schleier vun engem interessanten Design (speider mei) as et en fuerchtbar simpelt Spill, daat leider net un den genialen Serious Sam erukennt. Den Qualiteits-ennerscheed as einfach zevill grouss…

Sound an Grafik sin einfach net wierklech Zaitgemeiss, secherlech sin e puer schein Effekter dran, an hei an do gesait sou Munches och mol flott aus, mee insgesamt as et einfach net mei um neisten Stand, waat sou gesin mol kee Problem wier, wann et net och horrend System-Requirements hätt. Den Soundtrack as enorm repetitiv, Geigner hun keng Voice- oder Effekt-ausgaab, dei et derwärt wier ze erwähnen, an un der Grafik-Front gett een greißtendeels begreisst vun flaachen, matschegen Texturen, schlecht gemaachten Spaawecken, schlechtem Liicht- an Schied-verhaalen an engem generellen Grafikniveau vun viirun gudd 2 Joer (et erennert un Bioshock, awer ouni Bump-mapping an aaneren Effekter, wouduerch et nach mei “flaach” ausgesait).

Den  Gameplay as dann och wei schon gesoot enorm simpel: Et rennt een vun Raum zu Raum, knallt dei verschidden Geigneren oof, dei emmer nees an Wellen spawnen, wann een der dann genuch emgeluecht huet, geet eng Dier op, an weider geet et. Et as grond-debil, mecht awer sou gesin nach e bessen Spaaß, soulaang den Leveldesign gudd an innovativ as. Leider as et vill ze oft eppes fuerchtbar einfaches, onimaginatives, waat een sou schon eng Gazillioun keieren an aanere Spiller gesin huet… Enttäuschend, do wär souvill mei dra gewierscht. Wann een dann laang genuch duerchhällt an wait genuch kennt, kämpft een zum Schluss geint en Bossgeigner, deen am Fong nemmen eng besselchen mei Beefy, Grouß an aaneschters gefierwten Variant vun engem 08/15-Geigner as (Am Spanne-level z.b. : eng mei eng grouß, schwaarz Spann). Och do wär et meiglech gewierscht, mei draus ze maachen, wann een um Konzept e bessen mei gefeilt hätt.

Daat as generell de Problem; Kucken mer ons den Konzept emol un, fannen mer eigentlech schnell eraus, dass et enorm interessant klengt: Den Haaptcharacter as en Fraamensch, waat sech drop spezialiseiert huet, Phobien ze heelen, egal waatfirenger Natur; Hier Clienten sin dobai meeschtens absolut um Enn an vun Angscht befall, ier dass se bei hat kommen, an him seng Spezialiteit as et, sech an d’Dreem vun deene Leit ze versetzen an d’Source vun dem Problem ze fannen. Daat klengt BRILLIANT. De Problem as awer schon, dass een viirun dem Spillen nemmen via Text-ablendung liesen kann, waat dei Persoun graad fir e Problem huet; Et gett keng Transitioun, wann een mat deem engen Draam färdeg as, geet et direkt riwwer bei deen nächsten. Daat hätt een keinten aaneschters leisen.

Deen Setting erlaabt et engem dann och, absolut gaga-bonkers-lolwat ze gin, waat den Leveldesign ugeet. De Männi huet eng Phobie viirun Quieetsch-Intercher? Da maachen mer een Level an enger Buedbidden, oder soss eppes. Leider as daat net de Fall, bis op e puer Ausnahmen sin d’Levelen enorm onimaginativ, mat deem occasionellen “oh”-Moment dertescht, beispillsweis guet den Ponophob, deen Angscht viirun Iwweraarbechtung huet, en Draam vun engem onendlech laangen Couloir voll mat Akteschief, dei op an zou gin. Soueppes wär mei oft neideg gewierscht, fir dem Setting den Maximum oofzeknäppen. Sou as et leider enttäuschend, wei weineg deraus gemaa gouf, och wann een dei dach relativ langweileg Geigneren kuckt: Hei wär och mei Vielfalt besser gewierscht, mee et huet net solle sin.

News vum 07/12/09

December 7, 2009

Eng seier Warnung un jhiddfereen, deen viir huet, sech “The Saboteur” fir PC sichen ze goen: Am Moment gin et nach enorm Hardware-saiteg Problemer fir Leit dei eng ATI-Grafikkaart an en Vista oder Windows 7 – OS hun, menger Meenung no weinst engem Problem am Dx10-Code (soss ging et och enner Windows XP) Problemer maachen.

Op Konsolen leeft et do dergeint scheinbar ouni Problemer, an op der XBox kritt een lo nach fir e puer Deeg en Launch-DLC fir Erwuessener… Waat daat genau as, kann een sech wuel denken, wann een de Setting mei genau betruecht : Ireschen Mann bedreiwt Résistance an Parais vum Moulin Rouge aus… *achem*

Main Review kennt dann och soubaal ech et hun, d’Royal Mail schengt nees e bessen ze pennen.

Flott fannen ech iwwregens, dass EA well gesoot huet, dass se en Saboteur Sequel gingen maachen, wann deen eischten sech gutt verkeeft… Bis lo sin d’Kritiken gudd, an ech hoffen et verkeeft sech gudd. Daat waat ech bis lo gesin hun versprecht vill: Et as quasi en GTA am aale Parais, mat NATZEEHS

Och interessant, dass Pandemic (Den Entwecklerstudio, deen jo lo erausgeheit gouf) behaapt, den Haaptproblem wier gewierscht, dass se zu Kalifornien hiere Studio hätten, waat zevill Kascht…

Well Excuuuuuuuuuuuuuuuuuse meee, me da kann een dach ganz einfach enzwousch aanescht en Büro kaafen/lounen, besonnesch wann een EA als Publisher am Reck huet, dei jo quasi am Geld schwammen an mol seier een neien Sims-Addon kennen maachen, wann se Geld brauchen. Dei Excuse as nawell e bessen dämlech, mee et as glaichzaiteg schued dass et souwait komm as. Hell, souguer den Studio vun C&C – 4 soll zougemaa gin… Net dass ech daat ging schlemm fannen, ech kann C&C net leiden, C&C as schiel… Mee daat as eng vun de Franchises, dei EA grouß gema hun.

(Sauce: http://kotaku.com/5418956/one-of-pandemics-biggest-problems-was-being-in-california )

“The Saboteur” as ennerwee. Meanwhile, get THIS!

December 3, 2009

Majooo, meng Copie vun “The Saboteur” fir x360 as ennerwee bei mech an Lait an den Hänn vun her majesty’s royal mail service. Während ech also dorop waarden, dass daat Paket geballter Erotik, Action an Retro-Schwaarz-Waiss-Orgie mech endlech erreecht, hun ech mer mol zwee eischter sidelined Titelen ugekuckt.

Lucidity

“Lucidity” as d’Resultat dovunner, dass sech dei Cleverness-Abteilung bei LucasArts, dei hanner sou groußartegen Titelen wei “Grim Fandango”, “Monkey Island” oder “Full Throttle” stungen, dozou iwwerrieden gelooß huet, engkeier net en weideren Star-Wars-Titel ze maachen. Stattdessen hun se sech zu enger fuerchtbar brutaler Mooßnahm entschloss: Se hun hier Designer zeng Deeg Laang ouni Waasser a Broud an en Zwee Meeter Carée grouße Raum gespoart an hinne gesoot, se sollen sech mol nees eppes Neies afaale looßen. Nodeems dun no 5 Deeg keng Geraischer mei aus dem Raum ze heieren woren, as dun endlech rem opgespoart gin, an d’Resultat as “Lucidity”.

“Lucidity” as en cleveren Mix tescht “Lemmings!” an engem Point and Click-Adventure: Daat leiwt klengt Meedchen Sofi leeft dobai vollkommen automatiseiert vu Lenks no Riets am Level, an et as um Spiller, ze verhenneren, dass et schnuerstracks an en Gruew, e Lach oder en Monster erarennt. Dofir stin dem Player dann och sou fein Saachen wei Traapen, Trampoliner, Ventilatoren, Schleideren, Bommen, Brieder an nach mei zur Verfügung. Ziel as dobai, souvill Glühwiermercher wei meiglech ze fänken, andeems d’Sofi doriwwer leeft. Dat klengt lo natierlech e bessen simpel, mee daat as net schlemm, wann een de Prais bedenkt: Mat knapp 10 euro as et secherlech net zevill, an wann een wei ech clever genuch wor, am Steam Sale zouzeschloen fir 2,50 € , huet een en onmooßeg gudd Geschäft gemaat.

Den Gameplay as flesseg an leeft wierklech beandrockend liicht vun der Hand. Gespillt get entweder per Maus, Tastatur oder Gamepad, falls sou eent ugeschloss as. En Objekt leisst sech per Klick plazeieren, oder fir mei speit ophiewen. Den Schwieregkeetsgrad gett doweinst och tendenziell emmer mei liicht, well een lues awer secher un d’Steierung gewinnt get. Allerdings muss een zwangsleefeg all Level e puer mol spillen, well een soss net alleguer d’Wiermercher kritt. D’Spill leisst dann dei schon erreechten Wiermercher einfach eweg, sou dass een net d’iwwersiicht verleieren kann.

Den Grafesche Stil an de Sound sin och, dem Prais ugemooß, passend a schein, rappen awer keen mei vum Stull. Et as en 2D-Adventure, mee schein gemaach. Alles an allem kann een duerchaus zefridden dermat sin; LucasArts misst mol mei oft e puer Lead Designer net fidderen, da keim mol rem eppes Flottes derbai eraus (note: Sam and Max zielt net, sou wei all hier Episoden-Spiller… Dei sin zwar schein an ennerhaltsam, awer en RICHTEGEN Titel ging mer mei gefaalen).

Ze kaafen gett et et iwweregens och fir X360 fir eng Retsch MS-Points, ob een et och fir PS3 kritt as mir net bekannt, viellaicht kann een vun ierch do an de Comments sai Kär derzou baidroen. also: Thumbs up!

Chuck Norris Agrees

Kommen mer zu deem zweeten Coupablen fir Haut, an ech muss zougin, ech sin nach derbai et ze spillen, an hun nach net ALL Androck dervunner gewonnen, mee ech wollt ierch et net viirenthaalen…

The Whispered World

Et spillt (opgepasst, Drama-Wendung!) an der Whispered World, enger Welt dei jensaits eiser Viirstellung lait. Et as d’Geschicht vun dem Clown Sadwick an senger Raup Spot (see what they did there? Original Character design… BRILLIANT), an zwar erzielt se, wei hien d’Welt zersteiert. Richteg gelies, vun Ufank uns steet eigentlech de Schluss fest, et get am Intro gespoilert. Ech erwaarden mer doovun, dass den Charakter speider en moraleschen Choix mecht an sain Schicksal nach ännert, an enger dramatescher Wendung vun Ereignisser. Et därf een also gespannt sin. Waat et also basically as: Eng epesch Geschicht mat interessanten Characteren, verpaakt als Point-Clicky-Adventure. Dei sin neierdengs net mei zwangsleefeg an 2D, an sin lo eischter dem aalen “Look it’s 3D… somehow”-Virus erlee’en… Amplaatz dass et schein, heich opgeleisten 2D-Texturen sin, sin et klobeg 3D-Charakteren dei sech virun enger schiel opgeleister 3D-Kuliss bewegen… Dofir war et fir mech rem schein ze gesin, dass desen Exemplair tatsächlech voll 2D as.

And would you look at that! Normalerweis kennt hei jo fir d’eischt eng Analyse vun Gameplay, Story oder iergend ee Gemauls iwwer eppes waat feehlt… Mee ech kann net aanescht: Et gesait einfach absolut sexxy aus. Esou schein gemoolten Hannergrenn hun ech sait Eiwegkeeten net mei gesin… Einfach bloody gorgeous. D’Charakteren sin och enorm schein gezeechent an animeiert, wann och e klitze-butzi-bessili ruckeleg, awer nemmen heiansdo. Fir de Groußdeel vun der Zait as et, grafesch gesin, einfach wonnerschein. Den Soundtrack ass dann eigentlech nemmen nach den Teppelchen um poleierten I… D’Vertounung as einfach herrlech, d’Stemmen passen perfekt op den Character, d’Witzer fonktioneieren an d’Dialoger sin herrlech.

D’Spill u sech dann… Et as vun deene Leit, dei “Edna Bricht aus” gemaat hun (en verkannten P’n’C-Adventure), waat fir mech genuch Pedigree ass… Ech haat och “Edna Bricht aus” gespillt, waat och am 2D war, an witzeg wei allnaischtgudds… D’Steierung ähnelt deer vun “Curse of Monkey Island”, an deem Senn dass et och en *Click*3 verschidden Interactiouns-choix *click* Interface benotzt. an daat as gudd, daat hällt engem d’Steierung einfach. Amplaatz eng onmooßeg Unzuel un Keys ze benotzen, bleiwt sou alles bei genau 2 Maustasten, waat et schein einfach, an trotzdem konfortabel mecht. Dialog geet iwwer den aalbewährten System vun der Opleschtung: Sämtlech Optiounen gin ugewisen, an sin dann auswielbar an feieren zu weideren Optiounen.

D’Story as och enorm iwwerzeegend bis elo, d’Welt wierkt organesch an reeell, alleguer d’Leit maachen (zu gewessem Mooß) Senn, alles huet en Zesummenhang… Insgesamt wierkt et wierklech stemmeg an huet den Potential, jhiddfereen deen sech genuch derfir interesseiert, fir Wochen un de PC ze fesselen. Suguer d’Rätselen sin net besonnesch obskur, mee trotzdem net ze einfach. Amplaatz wei bei sou villen P’n’C-Adventure dozou ze verkommen, enorm komplizeiert, topeg am beizaiten onlogesch ze gin, sin d’Rätselen emmer liicht ze leisen, wann een e bessen Common Sense unzewennen, zesummen mat e bessen “Waat ging main Charakter lo maachen”-Gedanken. Items am Inventar gin och relativ seier benotzt, an gammelen net emmer an eiweg ronderem, soudass een emmer nees a Versuchung kennt, se op falsche Plaatzen ze benotzen… Den Sadwick selwer gett och e puer Tips fir d’Leisung ze fannen, andeems en selwer lautstaark nodenkt… Oft as och dain Hausdeier Spot Deel vun der Leisung, well en d’Form wiesselen kann. Entweder als normal Raup, oder als opgebloosene Ball, als Feier-Raup… Et gin scheinbar vill Kombinatiounen, soudass et sech net emmer nemmen op den Inventar beschränkt… Sidekick-design from heaven.

Alles an Allem also en enorm brilliant Spill, menger Meenung no daat bescht P’n’C-Adventure waat sait laangem (a fir eng laang Zait) erauskomm as, och besser wei Runaway 3.

Two thumbs up! Great success!