Archive for November 2009

Sixty Dollars well spent!

November 30, 2009

Sixty Dollars Sixty Dollars Sixty Dollars Sixty Dollars Sixty Dollars

Deen do haat et verstaan.

Ausserdeem as jo lo bekannt, dass et 32-player Gameplay as, wat menger Meenung no en gudden Kompromess as; Ech hun emmer dei mei grouß Scales manner interessant fonnt, well d’Maps dann ganz oft op zevill Gerenns an zemann Gekämpfs erausgelaaf sin.

 

Nach e klengen Video, fir den Sound an Grafeschen Deel an den Gros-Plan ze reckelen… d’Qualiteit as einfach beandrockend… A vergiessen mer net, daat do schengt Konsol ze sin (X360), daat heescht do kennt nach e bessen Eye Candy derbai… RAWR! DirectX11, Tesselation – Support… D’as domat ongefeier op engem Niveau mat “Aliens vs. Predator” op menger “must play before I die in horrible car accident”-Lescht.

Waat ech schon brilliant fannen as deen klengen Fix fir Scope-Gewierer: Bei engem Zoom huet den Player fir eng Sekonn (ongefeier) en HDR-Overblend-effect… D.h. et kann een net mei em den Eck wujjelen an een ewegscopen ier dass hien reageiere kann… An en plus as et logesch, waat mer bei dem Fix-Versuch vun TF2 (Scope-schess mussen gecharged gin) net sou gudd gefall huet… Daat klengt einfach dämlech…

 

(Picture found at http://www.totalgamingnetwork.com/main/showthread.php?t=216402 )

I went on the internet, and I found this:

November 28, 2009

Bloody Brilliant!


D’Nooricht soll sech verbreeden wei e Laaffeier!

 


Maja, waat een hei gesait as en dedicated Server fir Modern Warfare 2. Mat astellungen wei unlimited ammo, no reload asouweider, jhust fir ze weisen dass een eigentlech ALLES modifizeieren kann, inklusiv Gravity, Ingame-Premade Klassen, Faction Change ingame an nach vill meih…
Wann et also eigentlech geet, firwaat stellen se sech dann sou queesch, d’as jo net wei wann se net och gingen dervu profiteieren.

On a totally unrelated note:

Versprecht vill. Mol kucken waat et hält, emmerhin kennt et jo vun der “bad Company” schlechthin, EA…
Op d’PC Beta waarden mer jo nach e bessen mei laang, mee dei eischt Reports vun der PS3 sin jo mol ganz positiv; An desem Video gin et dann och e puer Action-ingame-szenen ze gesin.
Et schengt e bessen mei Squad-based ze gin, an net mei sou riieseg wei nach an aalen Battlefields. Daat as awer net zwangsleefeg schlecht, well mei kleng Scales och besser Taktik erfuerderen. Och dass se de Choix gemaat hun, Jets ” nemmen ” nach als Off-map Support anzebauen, gesin ech positiv. Verännerbar Maps, dei sech ausweiten, wann Missiounsobjekter ageholl gin, erenneren un Wolfenstein: ET. Aweifern et sech wäärt am Comp-play eremfannen, gesait een dann wann et eraus as.

On a completely, ridiculously unrelated note:
Clickety Clickety let’s have fun!

Anyone not thinking this is bloody brilliant officially has a heart of stone.
Daat do kapitaliseiert op den Gedanken, dei Spiller wei “Rush for Berlin” oder “Dawn of War” opgebaut, “Company of Heroes” an “Supreme Commander” weidergefouert an bis elo net perfektioneiert goufen. Et as den fiichten Draam vun all Taktik-RTS-Spiller.
An dei Taatsaach, dass sech all d’Kämpf EIGENTLECH op engem Holzdesch mat enger Landkaart oofspillen, mecht daat Ganzt NACH mei brilliant.
Mee mat Secherheet wärt ech daat do net Spillen, well ech vill zevill wärt mat Starcraft 2 beschäftegt sin….

Yeah, right….

Anicast 4 finished. (Propaganda)

November 26, 2009

Good Morning, Luxemburg!

Majo, den Anicast vun desem Mount (oder soss, whatever) as färdeg.
Hei as den Downloadlink; Falls den Subenu zoustemmt, uploaden ech et och nach op Rapidshare oder soss enzwusch.

Anyway: Falls et ierch interesseiert, mir noozelauschtren wei ech VILL ze laang schnessen, dann as hei är Rettung…
Behandelt get:

-What did you play lately
-Left 4 Dead 2 Release
-2012, short opinion
-Modern Warfare 2: No Russian Controversy

And now… Let’s do the news!

November 25, 2009

Majo, net vill Neies gespillt lately, ech waarden jhust op Saboteur, eventuell kucken ech mer “The Outfit” op der 360 un… mee soss get et weineg Neies…
Dofir hei lo e puer News, dei secher deen een oder aaneren interesseieren kennten:

DEUS EX 3 – In development, an d’Cutscenes sollen angeblech vun Square Enix gemaat gin. Daat as doweinst gudd, well sie sech an deem Beraich ziemlech auskennen… *coughFFcough*

D’Visuell Qualiteit as op jhidfer Fall net schlecht, waat dem Spill dann rem dei genial Atmosphär verschaaft.

DAWN OF WAR 2 – ADDON
Et sin nei Screenshots opgetaucht, dei dei nei Rass, d’Chaos, an dei nei Schneilandschaften weisen. Waat gudd as. Well et beweist, dass et neierdengs meiglech as, op der Engine legitim Schnei duerzestellen, an net einfach nemmen Sandtexturen op en enorm heighen Gamma-wert ze setzen (wei et bis lo emmer neideg wor bei Mods). Daat versprecht vill fir d’Serie, well Models, Welt an Faktioun wierklech cool ausgesin.

Ween schon e puer Artikelen gelies huet, wees och, dass sech den Gameplay verännert: An Zukunft gin et mei Choixen, an d’Kampagne souwei Multiplayer laafen aanescht oof (mei seier, mei Intensiv). Um Haaptgameplay ännert sech awer prinzipiell naischt.

TRON – Teaser Trailer
Wei der viellaicht wesst, kennt en neien Film mat deem legendären Thema eraus; Fir eppes kloer ze stellen: I! FUCKING! LOVE! TRON!
Den Setting as genial, dei ganz Welt as cool, an ech freeen mech nees wei e klengt Kand. An pünktlech fir de Film auszeschlachten kennt en Teaser-Trailer vun dem Movie-Video-Game-Tie-in. Ech hun do prinzipiell naischt dergeint, soulaang Speedbike dran as. Ob d’Spill herno eppes gett oder net (eischter net) sierf lo mol fraigestallt, mee et dreit zum Hype bai :>
http://www.gametrailers.com/video/exclusive-tron-spike-tv/59381

Als Nächsten Review stin iwwregens fir d’eischte Keier 2 Filmer an d’Haus: Ech wor 2012 kucken an schreiwen och nach meng Meenung iwwer Inglorious Basterds, falls een vun ierch Maggots deen nach net sollt gesin hun. Iwwregens kennt deser Deeg iergendwann och en Anicast-Podcast fir d’Groußregioun Letzebuerg/Soarland eraus, un deem ech matgeschafft hun; Diskutteiert gouf ennert aanerem iwwer aktuell Spiller, Filmer an dei schon behandelt Modern Warfare 2 – Kontroverse. Den Link kennt, soubaal et kompileiert ass.

“No Russian”-No Fun?

November 23, 2009

Look Ma, no Recoil!

Maja, ech mengen et as nach eemol Zait fir e bessen iwwer den kontroversen Deel vun Modern Warfare 2 ze diskuteieren, genauer gesoot “No Russian”, enger First-Hand-Experience vun engem Terror-Attentat. (Spoilers crossing)

Schon am Viiraus huet d’Nooricht vun desem Deel grouß Wellen geschloen, well et scheinbar doorems geet, harmlos Zivilisten ze ermorden, an daat net ze knapps. Do waar et natierlech oofzegesin, dass daat vun den bluddrünstege Meedien dierekt enner Beschoss geholl gouf, schon eleng doweinst well se engkeier NET hu missen deen Deel vun “Man erschiesst wehrlose zivilisten” erfannen. Deskeier as et wierklech sou, daat wor dun natierlech en Selwertablett-once in a lifetime-Money Shot. Opgesprong sin natierlech fir d’eischt FAUX News (FOX), The Fail (Daily Mail) an eng selleg news outlets op de groußen TV-Statiounen an England an Amerika. Aus engem mir onverständleche Grond huet sech d’BLÖD (BILD) an dei reschtlech daitsch Propaganda-feulletons nach net drop ageschoss, op alle Fall hun ech nach naischt dovu gesin/heieren. Gleewt et mer awer, soubaal dei dovu Wand kreien, as der Daiwel lass. An zwar weinst deem nämlechten Running Gag wei emmer:

Out of Fucking Context
Genau, des Szene as, wei sämtlech “Lol Videogames maek peeplz vieolend ‘n stuff, nao lets wtach sum horrer movees”, nemmen DANN oofstoußend an onverständlech, grausam, menscheverachtend an mindfuckery, wann een se out of context betruecht; Do geet daat Ganzt den nämlechte Wee wei “Lol an GTA brengt een Zivilisten mat der Motorsee em”… Daat stemmt zwar, well daat tatsächlech meiglech as, mee et as kengesfalls Haaptbestanddeel vum Spill, belounend, Ziel oder soss eppes.
Hei as et genau daat nämlecht: Out of Context gesait et nämlech sou aus, wei wann do d’SPill drems ging goen, an engem Flughaafen Leit oofzeknalle wei Schwain. Dass daat natierlech net an der Reih as, wees jhiddereen deen iergendwann gudd Maneieren geleiert huet. Am Bigger Picture betruecht gett et dann seier kloer, dass daat totalen Kaabes as, an et a Wierklechkeet eng Undercover-Aktioun as, dei an der Maneier vun “The bigger Evil” oofleeft: Fir den Terrorist auszespioneieren, muss den Agent sech senger Aktioun fügen an dofir bei deem Massaker uwiesend sin.

Enner deenen Prémissen as daat Ganzt natierlech eng aaner Saach: Et as zwar emmer nach erschreckend an ENORM Selbstreflexiv (dozou mei herno), mee weinstens huet et en “Senn”. En beknackten, topegen, idiotesche Senn ouni Verstand, mee et as awer net en KillingSpree par excellence. Mech perseinlech huet dei Szene och doweinst net mei oder manner beandrockt wei all dei aaner Szenen dei donoo koumen (Zivlisten an der Favela, Folter, Geiselen etc, etc.), secherlech schon doweinst, well et sou typesch Call-Of-Duty-meisseg enorm schlecht erzielt, viirbereed an conclueeiert get. Du wees net wierklech firwaats de daat solls maachen, an doraus dann en Krich ze bastelen as och ziemlech haarsträubend. Reischt hannennoo mecht et dann alles “Senn”, mee et as trotzdem am Verglach mat bspw. der Folterszene an der Favela manner ausschlaaggebend. Schon eleng well et hypokritesch zwar net oke as, Zivilisten emzebrengen, awer op dei armeiert Polizisten, daat as absolut an der Reih.
I was one day from retirement

Den Witz as, dass een zwar de Choix huet, net ze scheissen (D’KI mecht daat souwisou), an einfach nemmen matzemarscheieren, awer net einfach nemmen kann den Terroristen eng Reih Blai an de Puupes ze joen (waat alt nees CoD-Meisseg schiel as: Den Agent mecht daat ganzt, fir den Makarov um Bunnes ze kreien… firwaat erscheisst en hien dann net einfach? Decken Idiot eben), well dann d’Spill einfach zack eriwwer as, an dech kategoresch opfuerdert in character ze bleiwen. An daat as de sprangende Punkt: Et get een quasi an eng Roll forceiert, dei een eigentlech net WELL iwwerhuelen, well et einfach inhuman as, an et huet een keen choix, ausser daat Ganzt einfach kategoresch ze iwwersprangen, an sou en Deel Story ze verpassen. Dass daat villen Leit natierlech sauer opsteisst, as logesch; Mech huet et net gesteiert, waat lo net heescht dass et mech gefreet huet: Ech gesin et jhust als en enorm selbstreflexiven Deel, an zwar heiweinst!

Where’s the beef?

Wou lait hei d’Grenz? As et an der Reih, am Rescht vum Spill armeiert Geigneren am Dozend emzeknallen? Sin daat keng Menschen? Oder as et nemmen doweinst, well se sech wieren kennen, an der Reih? Oder lait et dorun, dass et op enger öffentlecher Plaatz passeiert, an net am Bulli? Vill Leit kommen secherlech och net domat kloer, wann et first-hand-experience gett, amplaatz wei schon dausendmol gesin als narrativ um Schierm passeiert: Wann et als Cutscene gelaaf wier, wier et secherlech heich brutal an emmer nach problematesch, well et eng Executionsszene as… Mee deer gin et awer och am Kino an an Krimifilmer op der Tele, daat as also “normal” an akzepteiert; Daat mecht et zwar net manner schlemm, awer weinstens as et anzeordnen, d’Leit wessen wei een domat emgoen soll. Deementspriechend as et schon eng gudd Leeschtung vun Infinity Ward, daat sou ze handhaben: Den Choix, daat ganzt eng FP-perspektivesch Connaissance ze maachen, war secher net einfach (op alle Fall net viir een Mensch mat e bessen Verstand, hurr durr), as awer enorm wichteg! Daat Ganzt stellt eis dei ganz Januskäppegkeet do viirun Aaen, dei an der Medielandschaft herrscht… NIMBY, not in my backyard… Soulaang et mech net direkt concerneiert, as et zwar schlemm, mee ech muss mer keng Gedanke maachen.
Fir mech haat dei Szene dofir net eng oofstoußend Wierkung, awer eng reflexiv, an zwar genau des: Wou as den Ennerscheed? Jhust well dei do keng AK hun, därf ech daat lo op eemol net?

Mech ging interesseieren, wei daat bei ierch ukomm as, oder waat et an ierch ausgeleist huet. Comments, pl0x


Fir all dei, dei et net hun, sech daat awer engkeier wellen ukucken, ouni Sixty Dollars Sixty Dollars Sixty Dollars Sixty Dollars Sixty Dollars Sixty Dollars Sixty Dollars auszegin, as hei en Video mat den Szenen

An deem Senn: No White Collars!

Tempting, EA… Tempting

November 21, 2009


Daat leisst een baal iwwert de Fakt ewechkucken dass et vum EVIL PUBLISHER schlechthin erausbruecht get.
Et as deemno à prendre avec une graine de sel; Et keint potenziell awer mol rem e GUDDEN Betafield gin.

Iergendwelleg Leit, dei eng PS3 hun an probeieren wellen, d’Beta ze kreien?
http://www.gamespot.com/event/codes/battlefield-bc2-beta/
Et as zwar US-Only, mee et kann een do dach bestemmt eng organiseieren? 😉

Alien versus Predator to have Dedicated Servers; Let this be known.

November 20, 2009

Et schengt nach Entweckler an Publisher ze gin, dei net en onmooßegt Ee op d’PC community geluecht hun. Alien versus Predator, en kommenden Franchise-Titel mat vill gudden Verspriechungen, soll definitiv Dedicated Server support kreien.

“Despite rumours, Rebellion has always been planning to support dedicated servers for AvP PC and we can now officially confirm that this is the case. Rebellion has always appreciated fan support. We’re really looking forward to the release of AvP as much as you guys are!” Jason Kingsley CEO Rebellion

Rebellion has always appreciated fan support.

appreciated fan support.

fan support.

appreciated

consider your game bought.